Audio CD

Foto CD

Op dëser Duebel-CD fanne mer e kuurzen Iwwerbléck iwwer d’Schaffen vum Sängerbond Museldall Wasserbëlleg an deene leschten 20 Joër.

Eemol héiert dir Internationalen Kouergesank mat Klassik, iwer d’Oper, d’Vollekslidd bis zum Schlager. Och fand dir e puer Solo-ën vum Dirigent Nico Hames, an eng Lifeopnam aus engem Concert vun 1984 “Schiff ahoi” mat engem Solo vun eisem leider vill ze frei verstuerwenen President Luss Schroeder. Duerno, letzebuerger Lidder am Männerkouerklank, engem Solo von eisem fréieren Dirigent Roby Schiltz an dem Lidd “am Museldall” wat den Théo Fischer, e grousse Frënd von eisen Kouer, no engem Text vum Pir Kremer fir eisen Zentenär vertount huet.

Dir héiert 2 Pianoskompositiounen iwer d’Musel, déi den bekannten, zaitgesösseschen Komponist Théo Fischer extra fir eis deemoleg Pianistin Viviane Hames (an haut eis Dirigentin) komponéiert huet. Dës 2 Wierker sin och eiser Pianistin gewidmet. Mat dësen 2 CD’en wollte mer besonnësch déi méi al lëtzebuerger Vollekslidder am Männerkouer der Nowelt erhalen. Eng Gesanklitteratur, déi ufänkt an de Vergiess ze geroden, an dach spigelt si an Text a Musek en Deel vun eiser lëtzebuerger Traditioun, Kultur an Ägestännigkeet duer. Dest Museksdokument soll en Undenken vun eisem Kouer schafen, ouni wëllen mat professionnelen Kéier ze kongkuréieren. Dësen Duebel-CD ass am Opdrag vum Verwaltungsrot vum Sängerbond Museldall Waasserbëlleg ënner der musekalescher Leedung vum Nico Hames bei “Linster Studios” am Oktober 2001 opgeholl ginn.

Kaafen kennt dir des CD natierlech och. Schreiwt einfach eng e-mail un een vun eise Comités-Memberen, sie wärten sech mat Iech a Verbindung setzen.

CD Cover Lidder

Zwee Lider aus eiser CD fannt dir hei :

“Der Bajazzo”

 

an “Du hohe Himmelskönigin”

KRËSCHT-CD

Dem Sängerbond Museldall seng 2 CD ass eng Krëscht-CD. Mir hun se den 7 Dezember 2014 vorgestellt.

Hei eng kleng Héierprouf

 

Wann Dir interesséiert sidd des CD ze kaafen, iwwregens e wonnerschéine Cado fir Krëstdaag, schreiwt einfach eng Mail un de Präsident Yvon STREFF (ystreff@pt.lu), de Sekretär Michel KOHN (mikohn@pt.lu) oder de Caissier Fränk HANSEN (hansenf@pt.lu) an iwwerweist 15.- € op de Kont: IBAN LU57 0019 9300 5600 8000 bei der ‘Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat (BCEELULL)‘. Dir kritt CD dann mat der Post heem gescheckt. Schons elo vill Fred beim Lauschteren.

Chrest CD Haaptfoto_bearbeitet-1 Kopie

Chrest CD Lidder

 

CD zur 120 Joar-Feier vun der Chorale Municipale Sängerbond Museldall Waasserbëllig

 

Hei e puer Auszich aus der CD:

  1. Das ist der Tag des Herrn
  2. Tjodiri
  3. Die Uhr (Solo von Nico Hames)
  4. Advent öffnet das Tor zur Weihnachtszeit – Theo Fischer Auszug 1
  5. Advent öffnet das Tor zur Weihnachtszeit – Theo Fischer Auszug 2