De Sängerbond feiert 2 mol 80 Joar vum Egon THEATO an Aly GESCHWIND

Posted by on 15 Nov 2019 in Intern

De Sängerbond feiert 2 mol 80 Joar vum Egon THEATO an Aly GESCHWIND

Wéi et beim Waasserbëlleger Männerchouer Sängerbond Museldall Traditioun ass kréien, nach aktiv, 80jährig Sänger fir hiren Gebuertsdag gratuléiert. Mat de Lidder “Weekend op der Musel” dem “Bëllia Lidd” an engem Héich, hunn d’Sänger enner der Leedung vun hirer Dirigentin Viviane Kohn-Hames, d’Feier am Mäerter Festsall fir den Egon Theato an den Aly Geschwind ugefang. Uschléissend huet den President Yvon Streff déi 2 Jubilaren mat hieren Familljen op d’häerzlechst wëllkomm geheescht. Hie war och frou dat d’Cilly Hirtt an den Jos Maller a Vertriedung vun deenen 2 anereren Gesangveräiner dëser sympathischer Feier beigewunnt hun. Humorvoll huet de President d’Liewen vun deenen 2 Sänger emrass. Den Egon Theato, gebuer den 29. Januar 1939, sengt säit 1953 an den 2 Gesangveräiner vu Bëllig. Als Schoulmeeschter huet den Egon nët nëmmen an de Prouwen gesongen awer och nach mat de Kanner an der Schoul, an hinnen dobei och d’Freed um Basketball méi nobruecht. Wann een 66 Joer aktiv an engem Gesangveräin sengt ass et schwéier nach eng Medaill ze fannen well, vill méi wéi d’ “Medaille en Vermeil Grand-Duc Adolphe” oder d’ “Benemerenti” vum Piusverband göt et net. Als Vertriederin vun der “Chorale Ste. Cécile” Waasserbëlleg huet d’Cilly Hirtt dem laangjährigen Sekretär a Vize-President Egon Theato mat engem Blumenarrangement Merci gesot.

Den Aly Geschwind, gebuer den 5. November 1939 ass 1983 Sänger beim Museldall gin. Den Aly ass en dynamischen Member den a sengem Veräin, an denen 36 Joer, ganz vill geschafft huet a schafft. Theaterspiller, Comiteesmember, Kulissebauer, Hëllefsarchivar an virun allem Verwalter vum Fichier vun den Éirememberen an den Nolauschterer. 2013 ass den Aly mat der gëllener Verdingschtmedaill vun der UGDA ausgezeechent gin. Zwee passend Kadoën an e Blummebouquet fir hir Dammen waren de Merci vum Veräin un déi 2 trei Sänger.

Gesanglich goung d’Feier weider mam “Rolling Home” an “Toutes les femmes sont belles”. De Buergemeeschter vun der Gemeng Mäertert, Laurent Jérome, huet de Gebuertsdagskanner och gratuléiert an eng Muselblimmchen iwwerreecht. “La Montanara” an “E schéinen Owend” waren den Iwwergang zum Gesellegen mat Muselwäin an aneren Schneckereien. A wéi hällt esou en Artikel meeschtens op, “Ad Multos Annos” Egon an Aly.