Theater vum Sängerbond Museldall “Männer am Herscht”

Posted by on 7 Feb 2020 in Allgemein

Theater vum Sängerbond Museldall “Männer am Herscht”

“Männer am Herscht” –  Theater zu Waasserbëlleg

Wéi eise Regisseur dësen 3 Akter, vum Bernd Kietzke an d’lëtzebuergesch iwwersat vum Romain Pierrot, erausgesicht hat, hätt hien nët geduecht souvill Fraen un d’Lachen ze kréien. Muench Männer ënner den 600 Zuschauer hun awer iwwerluet op se him nët de Männerbeoptragten aus dem Gläichheetsministère sollten op de Pelz schecken. Zwéi ganz verschidden Männer, em déi 50, gespillt vum Romain Streff a Serge Oth waren dohem erausgeflunn a fannen en Zëmmer bei der Famill Backes, duergestallt vum Mariette Zacharias, dem Vicky Toonen an dem Yvon Streff. Hier Nach-Fraen, d’ Aktricen Simone Toonen an Joëlle Theobald probéieren zesummen mat hirer arroganter an geldgieriger Affekotin, brilliant gespillt vum Delphine Hansen, eis 2 Männer bis op de Kalzong auszedoen. Am jonken, verléiften Bréifdréier, déi 1. Kéier, ganz iwwerzeegend, beim Sängerbond Museldall op der Bühn, fannen sie am Philippe Hoffmann e lussigen a gewëtzten Kolleg. An no enger fulminanter Schlusszeen, kënnt et wéi et emmer komme muss: op all Dëppen kënnt den Deckel de passt. Wann mol en Akteur henke bliwwen ass, huet den Pësperer Martin Toonen weidergehollef. D’Tessy Müller huet fir déi passend Frisuren gesuergt an d’Bühnebild war vum René Krier a Roby Kersch gebaut gin. Regie huet de Michel Kohn zesummen mat senger Assistentin Sandra Bettendorf gefouert. Elo se mer gespannt op déi 36. Editioun 2020, vun der Theateréquipe vum Sängerbond Museldall Waasserbëlleg.