E wonnerbaren Owend “Oh yes we have no bananas”

Posted by on 2 Mar 2020 in Allgemein

E wonnerbaren Owend “Oh yes we have no bananas”

Mir schreiwen d’Joer 1920. Ganz Amerika leit ënner dem Alkoholverbuet, der sougenannter Prohibition. Zu New York kënnt bei der Kënschtleragence “RUINATED ARTISTS” en Telegramm un, datt eng letzebuergeschStad deemnächst Kulturhauptstadt géiff, an datt déi dowéinst e ganze Koup Kënschtler sicht. 

An der éischter Halschent vum Programm sidd Dir live beim Casting derbäi, just… aus den ënnerschiddlechste Grënn ginn iwwerhaapt keng Kënschtler engagéiert! Verschidde Begrënnunge wäerten Iech droleg virkommen – mee wéi mir d’Dialoge fir dës Show geschriwwen hunn, konnte mir endlich all déi raffinéiert Ausriede verwäerten, déi Organisateure benotzen wann se een net engagéiere wëllen. Et soll een ni eppes ewechgeheien….. (Text vum Flyer vum Concert)

Et hu gesong: 

Ursula THIES Soprano, Gisela BITDINGER Soprano, Yannchen HOFFMANN Mezzosoprano, Al GINTER Tenor, Carlo HARTMANN Bariton, Louis SPECOGNA Maschinist, Claude WEBER Maschinist

Hei e puer flott Fotoen déi nom Concert gemaach goufen