124. Genralversammlung vum Waasserbëlleger Männerchouer

Posted by on 6 Jul 2021 in Allgemein

124. Genralversammlung vum Waasserbëlleger Männerchouer

“Chorale Municipale” Sängerbond Museldall plangt séin 125. Anniversaire

Déi 124. Genralversammlung vum Waasserbëlleger Männerchouer ass am Respekt vun den aktuellen Coronavirschrëften ofgehale gin. De President Yvon Streff war erfreet dat d’Sänger quasi alleguer präsent waren, enner hinen war och den Éirendirigent Nico Hames, an si all d’Pandémie gutt iwwerstan hun. Och konnt hien den Buergermeeschter Laurent Jérome souwéi d’Madamm Angèle Michels, als Vertriederin vun der Union Grand Duc Adolphe, begréissen.

Aus dem Rapport vum Sekrtär Mich Kohn konnt e gewuer ginn dat den dynamische Chouer 8 Concerten hat missen ofsoen an dat nëmmen 19 Prouwen gehal gi sinn. 2 Veranstaltungen, den traditionellen Theater an en Nomëtteg aus den 20ger Joaren mam Carlo Hartmann an senger Ekipp konnten stattfannen. An engem stëlle Moment ass un den verstuerwen Altersmember Narcisse Moes geduecht ginn.

De Kessier Frank Hansen konnt trotz dem Feelen vu villem Akommes eng gesond finaziell Situatioun presentéieren. Am Numm vum Veräin huet de Keessier der Gemeng an der Ugda Merci gesot, déi och an der schwiereger Zäit hir Veräiner net am Stach gelooss hun. D’Keespréiwer Georges Mahnen an Abbes Hoffmann hun dem Schatzmeeschter eng vierbildlech Keesféierung bestätigt. A senger, kuerzer, Usproch huet de President alle Bedeelegten Merci gesot, dat se trei zu hirer “Chorale Municipale” Sängerbond Museldall stinn. Houffereg konnt hie matdeelen, dat déi laangjäreg Theaterspillerin Mariette Zacharias bereet ass de Posten vun der Presidentin vum Festcomité fir den 125. Gebuertsdag ze iwwerhuelen.

D’Mariette Zacharias seet sich frou doriwwer dat de Museldall hier d’Vertraue schenkt fir den 125. Gebuertsdag als Presidentin matzegestalten. Eng Ekipp, wou niewent Veräinsmemberen, d’Theaterspillerinen Sandra Bettendorf, Simone Toonen an Delphine Hansen och de Buergermeeschter Laurent Jérome, den Dechen Claude Bache an de Gemengekonzellje Alain Scheid matschaffe wäerten. En ambitiöisen kulturelle Programm niewent engem Buch iwwer 125 Joar Veräinsgeschicht soll fir 2022 organiséiert ginn.

D’Dirigentin Viviane Kohn-Hames ass frou, dat Sie erem ka mam Chouer prouwen an, dat Sie all hir Sänger gesond a monter eremgesäit. E flotte Chrëschtconcert am Advent ass d’Ziel bis zum Schluss vum Joer.

Uschléissend huet d’Madamm Michels, am Numm vum Dachverband, verdéngschtvoll Memberen ausgezeechent: Den Alliaume Georges, Henri Feltgen an den Titularpianist Daniel Lang sinn fir 10 Joer mat der Bronzemedail geéiert ginn, de Roby Kersch mat der gëlle Medail fir 40 Joer an de Georges Mahnen mat der gëlle Medail Union Grand Duc Adolphe fir 60 Joer. De Mich Kohn an d’Viviane Hames hun fir 40 Joer, Sekretär respektiv Pianistin, Sous-Chefin an Dirigentin d’ “Plaquette de reconnaissance J.A. Zinnen”, ënnert dem Applaus vun allen Uwiesenden, feierlech iwwerreecht kritt.

Zum Ofschloss sot de Buergermeeschter, hie wär houffreg, dat d’Veräinsresponsabel un hien geduecht hätten, fir mat an den Organisatiounscomité ze kommen an hie géing sech freen hei matzeschaffen. Hien huet den Jubilaren gratuléiert a versprach datt d’Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg weidderhin en open Ouer fir d’Belanger vun der Kultur am Allgemengen an fir d'”Chorale Municipale” am Besonneschen hätt.