Reservatioun Tickets
Léif Clienten a Frënn vun der « Chorale municipale Sängerbond Museldall Waasserbëlleg asbl »,
D’Bestellunge si méiglech vun Méindes, den 20.04.2026 (08.00 Auer), bis Dënschdes, den 05.05.2026 (20.00 Auer).
Fir eis gréisser Manifestatioune besser geréieren ze kënnen, huet d’« Chorale municipale Sängerbond Museldall Waasserbëlleg asbl » decidéiert, datt de Virverkaaf aanescht oofleeft. Des nei Method, déi fir ganz vill Organisatiounen am In- an Ausland scho méi laang besteet, erlaabt et dem Client ënnert anerem, déi Plazen, déi e wëll, ganz einfach selwer vun doheem aus eraus ze sichen. Den Online-Bestellprozess ass ganz einfach a loogesch. Als Alternativ dozou kann de Client weiderhinn séng Ticketen an der „Däitsch-Lëtzebuerger Touristinfo“ op der Waasserbëlligerbréck kafe goen an se do direkt mat Boergeld bezuelen. Mir hoffen op Äert Versteesdemech fir dës organisatoresch Neierungen.
Dir kënnt also är Tickete follgendermoosse bestellen:
Online iwwert eisen neien Ticket-Portal:
- Entweder Dir scannt dëse QR-Code an Dir gitt direkt op eise Bestell-Portal weidergeleet:

- Oder Dir gitt de follgende Link an ärem Internetbrowser an:
https://reservation.ticketleo.com/event/35802/freijoarsconcert-saengerbond-museldall
Tickete déi online bestallt ginn, mussen innerhalb vun dräi Deeg no der Reservatioun bezuelt ginn, soss verfält d’Reservatioun!
Däitsch-Lëtzebuergesch Tourist-Info (op der Waasserbëllergerbréck):
Dir gitt op d’Däitsch-Lëtzebuergesch Tourist-Info (op der Waasserbëllergerbréck). Do musst Dir är Ticketen direkt op der Plaz bezuelen!
Online-Bestellprozess:
Dir musst op d’Internetsäit fir d’Onlinereservatioun goen:
Dir huet, wéi uewe beschriwwen, zwou Méiglechkeeten, fir dat ze maachen.
Wann Dir op der Säit sidd, ass Folgendes ze maachen:
- Klickt bäi der gewënschter Virstellung op «RESERVIEREN»
- Klickt am affichéierte Sallplang déi Plazen un, déi Dir reservéiere wëllt.
- déi nach fräi Plazen si gréng agefierft
- déi scho reservéiert Plazen si gro
- déi vun Iech ausgewielte Plazen si schwaarz mat engem wäisse ✓
- Op der rietser Säit vum Ecran gesitt Dir déi bestallte Plazen an de Präis. Klickt do w.e.g. nach eng Kéier op «RESERVIEREN».
ZUSATZOPTIONEN : TAPASTELLER
- Wann Dir Loscht hutt, kënnt Dir bäi eis virum Concert ee gudde Maufel iessen. Mir zerwéieren Iech ab 18.30 Auer ee leckeren Tapasteller. Dëse kënnt Dir hei bequeem bestellen, andeems Dir einfach d’Unzuel vun de gewënschten Telleren ugitt. Duerno dréckt Dir op « WEITER ».
- Gitt Äre Numm a Virnumm, Är E-Mailadress an Är Telefonsnummer un. Klickt dann op «WEITER».
- Dir gesitt elo Är gewënschte Bestellung. Fir se un éise Veräin ze iwwermëttelen, klickt op «BESTELLEN».
OPGEPASST: Vun elo u kënnt Dir keng Ännerung méi maachen! D’Reservatioun ass awer eréischt fest, nodeems Dir bezuelt huet.
- Dir kritt automatesch eng Bestätegung vun Ärer Bestellung op déi E-Mailadress geschéckt, déi Dir uginn huet. An der Bestätegung fannt Dir e.a. eng Bestätegungsnummer (déi mat # ugeet) an d’Opfuerderung, innerhalb vun 3 Deeg ze bezuelen.
Dir huet zwou Méiglechkeeten, fir dat ze maachen:
- Entweeder duerch eng Iwwerweisung op eise Veräinkont LU57 0019 9300 5600 8000 bäi der Spuerkeess. Gitt do de Numm (op déi d’Bestellung leeft) an d’Bestätigungsnummer un.
- Dir scannt den Payconiq QR-Code an ärer Bestell-Bestätegung. Bei enger Bezuelung mat Payconiq kann et heiansdo e puer Deeg daueren, bis den Organisator dat vun der Bank signaléiert kritt.
- Soubal d’Suen op dem Veräinskonto ugewise ginn, kritt Dir eng E-Mail mat Ären Ticketen. Dir kënnt dës entweder op Ärem Handy späicheren oder erausdrécken. Dës Ticketen musst Dir weisen, wann Dir bei der Kontroll am Festsall era gitt.
- Falls net innerhalb vun dräi Deeg no der Bestellung bezuelt gouf, huet den Organisator d’Recht, d’Bestellung ze annuléieren an d’Plazen nees an de fräie Verkaf ze ginn.

